OneLife5.000 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Relais pour la Vie 2026 huet sech OneLife och dëst Joer fir d’Fondation Cancer engagéiert.
© Fondation Cancer

Nieft hirer Participatioun als connectéiert Ekipp huet d’Entreprise och eng intern Solidaritéitsaktioun organiséiert : d’Mataarbechter waren invitéiert, an hirer Mëttespaus ze trëppelen oder ze lafen, fir esou zousätzlech Spenden ze sammelen.

Duerch dësen duebelen Engagement konnt eng Zomm vu 5.000 € zesummekommen, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.

„Och dëst Joer hu mir nees d’Fondation Cancer ënnerstëtzt. Hannert dësem Don stécht virun allem e kollektiven Elan an e staarkt Engagement vun eisen Ekippen. D’Initiativ vun OneLife Lëtzebuerg, bei där mir Leit ënnerstëtzt hunn, déi gelaf oder getrëppelt sinn, souwéi eis Participatioun um Relais pour la Vie 2026 weisen, wat mir zesumme fäerdeg brénge kënnen – och iwwert eise beruffleche Kader eraus. Merci un all déi, déi dozou bäigedroen hunn, dës wichteg Cause z’ënnerstëtzen an eise gemeinsamen Aktiounen e Sënn ze ginn“, seet d’Sophie Icher, Personaldirektesch bei OneLife.

D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt. D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëst staarkt Zeeche vu Solidaritéit.

Dës Solidaritéitsaktiounen erlaben der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze erfëllen: informéieren, hëllefen a Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO