Turelbaacher Senioren spenden de Rëscht fir de gudden Zweck8.040 Euro fir Tricentenaire an Op der Schock weiderginn

RTL Lëtzebuerg
Als Amiperas- Sektioun Mäerzeg si si am Joer 1980 gegrënnt ginn a sinn duerno vu Mäerz 2007 un als Turelbaacher Senioren weider gefuer.
© Charles Reiser

Am Ufank war de Senioreveräin vu Mäerzeg mat ville Membere ganz aktiv, awer mat der Zäit huet Zuel vun de Seniore konstant ofgeholl. Bis nach op e puer, déi et nach bis viru kuerzem gepackt hunn an och weidergefuer sinn.

Viru kuerzem huet den aktuelle President Jules Hirtzig bei der duebeler Scheckiwwerreechung erkläert, datt déi verbleiwend Memberen unanime averstan waren, fir de Veräin opzeléisen an de Rëscht aus der Veräinskeess fir e gutt Wierk ze spenden. Si wëllen an Zukunft awer als klenge Grupp weiderfueren, fir sech reegelméisseg ze treffen, fir dann och zesummen e puer schéiner Stonne beim Kaartespill ze verbréngen.

Mat hirem opriichtege Merci fir de generéisen Don war et un der Directrice vum "Tricentenaire", Laura Veneziani, déi de Scheck vu 4.020 Euro konnt entgéinthuelen. Fir de Scheck vu 4.020 Euro hunn d'Nicole Fisch, Directrice an d'Alice Schroeder, Presidentin vun der asbl "Op der Schock" och häerzlech Merci gesot. Nodeems déi verschidde Scheckempfänger hiert jeeweilegt Aufgabegebitt kuerz virgestallt an och matgedeelt hunn, wéi déi Suen och wierkungsvoll agesat ginn, huet dës kleng Feier a flotter Ambiance e würdegt Ënn fonnt. (CR)

Back to Top
CIM LOGO