Schoulkanner vu Kietscht900 € fir d'Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn

RTL Lëtzebuerg
"Ein unerwartetes Spiel" heescht dat klengt Buch mat 19 Säiten, dat, gefëllt mat Illustratiounen, Opnamen an Texter eng flott Geschicht erzielt.
© Charles Reiser

Mat vill Freed a Fläiss hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 3.2 D aus der Zentralschoul vu Kietscht dëst klengt Konschtwierk zesumme mat hirer Joffer Marianne Kellen realiséiert. Den Drock vum Buch gouf vun EducDesign gesponsert.

D’Buch gouf duerno wärend enger Schoulpaus am Novemer an um Chrëschtmaart verkaaft. Déi 900 €, déi esou zesummekoumen, goufen un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) gespent.

Back to Top
CIM LOGO