
Wéi de Gesondheetsministère matdeelt, kritt d'Maison médicale du Nord vum 2. November un eng nei Adress. Si plënnert op d'Nummer 63 an der Rue des Alliés, also op den ale Site vun der Zigarettefabréck, wou jo de Centre administrativ Nordstad entsteet.
Et ass dann och d'Informatiounen, datt d'Maison médicale zu kengem Ament hir Servicer wäert ënnerbriechen. Bis den 1. November inclus gëtt een nach um aktuelle Site an der Avenue Lucien Salentiny behandelt. Dono awer ass dës Adress net méi accessibel.
D'Ëffnungszäite bleiwen dann och bestoen: Dës sinn an der Woch vun 20 Auer bis Mëtternuecht an um Weekend vun 8 Auer bis Mëtternuecht. D'Maison médicale bitt da mat der Fréierkennung vun der familiärer Hypercholesterinämie en neie Service un.