Wonschkutsch asblBewunner aus der "Residence des Ardennes" spenden 2.130 Euro

RTL Lëtzebuerg
D'Bewunner aus der Residence des Ardennes vu Klierf hunn der Wonschkutsch asbl, vertrueden duerch hir Sekretärin Patrice Rickal an 3 Kutscher, e Scheck vun 2.130 Euro iwwerreecht.

D’Sue koume vun der Braderie, wou Zockerwäffelcher a Gebeess verkaf gi sinn.

D’Wonschkutsch huet an enger klenger Presentatioun de Verwendungszweck erkläert a sech häerzlech bedankt bei de Bewunner.

Back to Top
CIM LOGO