
Duerch hir Aktivitéiten uechter d’Joer versichen d’Membere vum Club Soroptimist Mosaik Kanton Réiden hire Beitrag duerzou och ze leeschten. Am Kader vun enger Feierstonn am Haaptsëtz zu Sëll gouf de Scheck vun 3.500 Euro zesumme mat hirer Presidentin Rose Dax un d’Vereenegung Youth & Work iwwerginn, déi duerch d’Ariane Toepfer an d’Paule Pletgen vertruede war. No hirem grousse Merci fir de schéine Geste hu si d’Projete vu Youth & Work kuerz virgestallt, fir Jonker ze hëllefen déi an enger schwiereger Phase sinn, de Wee erëm zréck an d’Schoul oder och eng Aarbecht ze fannen.