4.450 € fir de Club Soroptimist Mosaik Kanton RéidenDe Sëller Chrëschtmaart war e groussen Erfolleg

RTL Lëtzebuerg
D'Membere vum Sëller Schäffen- a Gemengerot konnten op en erfollegräiche Chrëschtmaart zeréckkucken.
© Charles Reiser

Esou war et dem Buergermeeschter Jang Konsbruck eng besonnesch Freed am Kader vun enger Feierstonn am Festsall zu Sëll alle Leit, déi dozou bäigedroen hunn, dass den éischte Sëller Chrëschtmaart e vollen Erfolleg war. Esou koume bei dësem 4.450 € fir de Club Soroptimist Mosaik Kanton Réiden zesummen.

D’Presidentin vum Club Rose Dax- Wolter huet sech dann och am Numm vum ganze Club fir dës Spend Merci gesot.

Back to Top
CIM LOGO