Maske gebitztD'Josée Fanelli spent 1010 Euro un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner
RTL Lëtzebuerg
Am Confinement huet d'Josée Fanelli vun Diddeleng Masken gebitzt.
Update: 24.06.2020 09:51
Déi flott Masken huet ee bei der Madamm Fanelli kritt an deen, dee wollt, konnt ee klengen Don maachen. Esou sinn 1010 Euro zesummekomm, déi d’Madamm Fanelli un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent huet.