1.260 Euro fir Fondatioun Kriibskrank KannerEen Duerf aus Holzhaisercher fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
D'Madamm Danielle Ney huet fir Chrëschtdag aus alen Holzkäffere ganz flott Haisercher gemoolt.

D’Iddi vun der Madamm Ney, fir dee Projet ze maachen, ass éischter spontan zustane komm, well een aus dem Bekanntekrees nawell scho mam Thema Kriibs konfrontéier war. Et ass eng Krankheet, déi ee groussen Impakt op eng ganz Famill huet an zemools, wann déi Krankheet dann och nach bei Kanner ausbrécht.

An esou war séier decidéiert, dass de Verkaf vun deenen Haisercher engem karitative Projet zegutt komme soll. Déi stolz Zomm vun 1.260 Euro ass zesummekomm, déi d’Danielle Ney der Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent huet.

Back to Top
CIM LOGO