Par Rammerech Saint-ValentinKanner hunn 1.700 Euro fir d'Stëmm vun der Strooss gesammelt

RTL Lëtzebuerg
Wärend de Preparatioune fir d'Kommioun hate sech d'Kanner vun der Par Rammerech Saint-Valentin mat der schwéierer Situatioun vun den Sans-abrie beschäftegt.
© Stëmm vun der Strooss a.s.b.l.

Doropshi solle si op d’Iddi komm sinn, Sue fir déi betraffe Leit ze sammelen. Ënnert der Initiativ vum Frank Dimmer an dem Sonia Kettmann vun der Par Rammerech Saint-Valentin ass um Enn eng Zomm vun 1.700 Euro zestane komm, déi un d’Stëmm vun der Strooss zu Ettelbréck gaangen ass. De Scheck war den 13. Juli am Restaurant vun der Organisatioun vun der jonker Isa un de Responsabele Francesco Settanni iwwerreecht ginn.

Communiqué de presse - Por St Valentin Rammerich

Back to Top
CIM LOGO