
D’Kanner hu mat voller Freed bei all Haus gesongen an hu vill Séissegkeete kritt. Bei deem een oder aneren gouf et och e bësse Geld. Sie wollten dat Geld awer net fir sech behalen an hunn hiert Liichtmëssgeld vun 185 Euro un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.