Engagéiert Fraen a Mammen Paren Dikrech/EttelbréckScheckiwerreechung vun 5.000 Euro un dräi Vereenegungen

Charles Reiser
© Charles Reiser

Ierpeldeng op der Sauer: Zënter enger Zäit gehéieren d’Sektiounen Bettenduerf,Colmer- Bierg,Dikrich, Ettelbréck, Feelen/Mäerzeg a Schieren vun de Fraen a Mammem vun der Action Catholique des Femmes du Luxembourg all zesummen der Par Ettelbréck/Dikrich, un. Di traditionell Josefsfeier mat enger Mass an der Kierch zu Ierpelding op der Sauer mat feierlichen Gesankeinlagen ass vum Abbé Romain Richer zelebréiert gin. Am Uschloss vum Gottesdëngscht war et fir d’Presidentin vun de Fraen a Mammen Paren Dikrich/Ettelbréck, Henriette Mathias, no hire Wierder vun Wëllkomm, allen uwiesend Memberen mam Komitee och ganz haerzlich Merci ze soen fir hirt Engagement an dem vergaangene Joer.

Aus dem Tätigkeetsbericht vum Malou Storck goung ervier, dat iwert 20 Ausgäng an Organisatiounen, niewt Scheckiwereechungen dat läscht Joer et nit un ofwiesslungsräichen Aktivitéiten gefeelt huet. De Programm fir dest Joer gesäit esou aus: Kaffistuff Sektioun Schieren (29. März), Generalversammlung Sektioun Colmer- Bierg (21. Abrël), Oktavmass fir eeler a krank Leit zu Ettelbréck mat uschléissendem Iessen (28.Abrël), Mass zu Dikrich, den 8. Mee), Schlussprozessioun zu Dikrich (10. Mee), Summerausflug op Girsterklaus an Iechternach (4. Juni), Summerrees op Mainz (vum 16. bis den 23. Juni.). Ausfluch mat der Princesse Marie- Astrid op Tréier (26. August), Eisekuchebâken am Cactus zu Angelduerf (26. an den 27. Juni). ( Duerno huet d’Keesière Nelly Walch de Finanzbericht virgelies an bemierkt, dat trotz Ausgaben vun 51. 887 Euro d‘Vereenegung nach op enger zolidder Finanzbasis berout. D’Keeserevisoren Marie- Paule Lion an d’Marie- Josée Gerson hun di exakt Buchführung och bestätigt.

A senger Ried ass den Abbé Romain Richer op dat sozialt Engagement vun de Fraen a Mammen agaangen an huet dat gut Zesummeschaffen besonnesch geluewt mat der Hoffnung, dat dess Traditiounen an d’Kultur och an Zukunft sollen erhaale bleiwen. E Kader fir jonk Leit ze schaafen, fir sech am Veräinsliewen méi ze engagéiren, wier eng vun den Erausfuerdungen an der Zukunft. Hien huet och op d’Oktavmass higewissen, déi den 5. Mee an der Kathedral zelebréiert gëtt.

De Schluss vun der Versammlung war d’Iwereechung vun gläich dräi Schecken am Gesamtwert vun 5 000 Euro. Sou konnt d’Laura Veneziani als Direktiounsbeoptagtvum Tricentenaire Scheck vun 2 000 Euro entgéint huelen. Den zweete Scheck vun 2 000 Euro as dem Michel Genet an dem Dr. Bernard Thill iwereecht gin, den de d‘Projeten vun „médecins du monde“ zugut kommen. Iwert de Scheck vun 1 000 Euro konnt den Abbé Romain Richer sech freeën, den fir d‘Fondatioun Ste Irmine bestëmmt ass. Nodeems dat di dräi Scheckempfänger, niewt hirem grousse Merci och hirt jeweiligt Aufgabegebit kurz erklärt hun, huet Versammlung bei enger gudde Menü a flottem Zesummesin hiren würdigen Ofschloss fond.

Back to Top
CIM LOGO