Aggressiivt VerhalenDem Biden seng "First Dogs" fléien aus dem Wäissen Haus

RTL Lëtzebuerg
Fir si war et just eng kuerz Amtszäit. No net emol 2 Méint mussen d'Hënn vum US-President Joe Biden dat Wäisst Haus nees verloossen.
© AFP Archivbild

No 4 Joer si mam “Champ” a “Major” nees Hënn an den US-Presidentesëtz geplënnert, ma en Neiufank war et fir d’Hausdéiere vum Joe a Jill Biden am Wäissen Haus awer net. Well et e “Bäiss-Virall” gouf, mussen d’Muppe fort.

Schonn d’lescht Woch wieren d’Déieren nees am Haus zu Wilmington am Bundesstaat Delaware zeréck. De jonke Schéiferhond, den 3 Joer ale Major, soll aggressiv gi sinn an een Employée, sou wéi e Sécherheetsbeamten ugesprongen a gebass hunn.

Den Champ ass zanter 2008 Member an der Famill Biden. De Schéiferhond Major ass 2018 aus dem Déierenasyl dobäikomm.

Zanter der Presidence vum Barack Obama ware keng “First Dogs” méi am Wäissen Haus. Dem Biden säi Virgänger Donald Trump war den éischten US-President zanter iwwer engem Joerhonnert ouni Hond.

Et ass net gewosst, ob den US-Regierungssëtz elo ouni Hausdéier bleift. D’Jill Biden hat scho viru Wochen däitlech gemaach, dass si gär eng Kaz hätt. Ob et geschwënn eng “First Cat” gëtt, ass awer och nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO