No engem Cluster op engem internationale Concours a Spuenien Mëtt Februar street den Equinen Herpesvirus bei de Päerd uechtert Europa.

E Virus, deen, jee nodeem a wéi enger Variant en optrëtt, fir Déieren déidlech ausgoe kann. Fir de Mënsch ass en ongeféierlech. Iwwer 750 Päerd waren zu Valencia, op d'mannst 80 hu sech do ugestach. Bis den 18. Mäerz sinn der dovu 17 mam Virus gestuerwen.

Och aus eisen Nopeschlänner ginn elo all Dag nei Fäll public, hei am Land goufen et der an der leschter Woch 2. Déi sinn allerdéngs net op Spuenien zréckzeféieren, genee sou wei déi 2 weider Fäll, déi d'Veterinärsinspektioun en Donneschdeg aus 2 verschiddene Ställ matgedeelt krut. Vu datt d'Krankheet net meldeflichteg ass, kënnen et awer nach weider Fäll am Land ginn. Virsiicht an Hygiène sinn also elo ganz wichteg.

Ausbréch vun dësem Virus ginn et ëmmer erëm, a se sinn och seelen esou grave wéi déi aktuell Well, nawell si vill Päerdsbesëtzer besuergt, well quasi europawäit vill schwéier Fäll optrieden. Bis elo war dat zu Lëtzebuerg net de Fall. Vill Leit wëllen hir Déieren elo séier noimpfen, well fir Herpes besteet keng Impfflicht.

Zënter dem Ausbroch zu Valencia ass den Impfstoff awer europawäit knapp. Der Veterinärsinspektioun no versicht ee wéinst der aktuell héijer Demande an den USA nozebestellen. Vaccinéieren hëlleft, ma krank gi kann d'Päerd nach ëmmer, de Verlaf soll awer manner schlëmm sinn. Wierklech hëllefen deet awer eng Herdenimmunitéit am Stall, sou gëtt d'Viruslaascht reduzéiert, allerdéngs muss dofir de ganze Bestand geimpft sinn.

Tëscht de Ställ soll elo net méi zirkuléiert ginn. Turnéiere goufe bis den 11. Abrëll an Europa gestoppt, fir de Virus anzedämmen. Souguer Olympia steet eventuell op der Kipp. Wéi ginn Topreider wéi de Nicolas Wagner mat dëser Situatioun ëm? Ëmmerhin ass hie mat sengem Dressurpäerd Quater Back Junior fir Tokio qualifizéiert, als éischte Lëtzebuerger iwwerhaapt. Si ware viru kuerzem op engem groussen Turnéier am Katar, wou se iwwregens rëm ganz uewen um Podium stoungen an och gesond zréckkoumen. Am Reportage ginn et weider Detailer zum Impakt vum Virus op d'Lëtzebuerger Reitzeen.