Et ass eng Geschicht aus North Carolina, déi weltwäit bei Déierefrënn fir déi eng oder aner Tréin am A gesuergt huet.

De Labrador-Mix Sisu hat Gefalen un engem ganz bestëmmte Petzi fonnt. Ma wat maachen, wann ee kee Besëtzer huet, deen engem säi Wonsch erfëlle kann? Richteg: D'Saach selwer an d'Hand huelen. Oder an deem heite Fall an de Mond. Well him dat rosa-mooft Déierchen esou gutt gefall huet, huet de Mupp kuerzerhand entscheet, Déifstall ze begoen. Ma net just 1, mä direkt 5 där Petzien huet hie geklaut.

All Kéiers, wann e Client aus dem Geschäft erausgaangen ass, huet sech de Véierbeener erageschlach, säi Liblingspetzi an de Mond geholl a sech dann duerch d'Bascht gemaach. Fir weider där Virfäll ze verhënneren, huet d'Personal Duplin County Animal Services kontaktéiert.

Normalerweis mussen Onéierlecher déi geklaute Wuer nees zeréckginn, wa se beim Klauen erwëscht ginn. Ma an deem heite Fall gouf et en Happyend. D'Samantha Lane vum DCAS war direkt begeeschtert vun där Geschicht an huet dem Sisu de Petzi fir 10 US-Dollar kaf, schreift "people.com".

Op Facebook haten d'Déiereschützer Fotoe vum Hond mat senger Errongenschaft publizéiert, et hat hien awer kee vermësst. Un Interessenten, déi him en neit Doheem wollten ubidden, huet et allerdéngs net gefeelt. Eng Partie Leit waren esou begeeschtert vun dëser Geschicht, dass si hien direkt adoptéiere wollten. Mat Erfolleg: Hien huet eng Famill fonnt, schreift Duplin County Animal Services op Facebook. An domat net genuch: D'Adoptivfamill soll e puer där Petzien op Reserv vum Geschäft geschenkt kréien. Falls dat rosa-mooft Déieren nämlech futti oder verluer geet, muss de Véierbeener net méi klaue goen. Dës Kéier gëtt op legalem Wee fir en Ersatz gesuergt.