
D’Déier war an e kënschtleche Weier geroden, deen net richteg ofgeséchert war, a koum aus eegener Kraaft net do eraus. Wéi et heescht, war de Biber staark ënnerkillt a koum an d’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng, fir opgepäppelt ze ginn.
Wou dat Ganzt geschitt ass, gouf vun der ANF net präziséiert.