
Et war an der lescht ëmmer nees zu Virfäll komm, doriwwer haten CNN an Axios bericht. De Commander, deen 2021 als Welpen an d’Wäisst Haus erageplënnert ass, soll souguer méi Mënsche gebass hunn, wéi bekannt ass.
Dem US-Geheimdéngscht Secret Service no sollen 11 vu senge Mataarbechter gebass gi sinn. CNN seet awer, dës Zuel wier däitlech méi héich. Och aner Leit am Wäissen Haus wiere gebass ginn, een Affer hätt souguer missen am Spidol behandelt ginn.
Dat ass elo schonn deen zweete Mupp, deen duerch Bäiss-Virfäll huet misse fort. Och deen anere Schéiferhond vun der Famill Biden hat mat sou Virfäll Schlagzeile gemaach. Och de Major huet do missen temporär aus dem Wäissen Haus eraus a krut um Enn bei Kolleege vun der Famill en neit Doheem.