An de soziale Medie mécht eng Foto vun engem Känguru den Tour, dat am Oste vum Land an de Gäert vun de Leit ënnerwee ass.

Op Nofro beim Auteur vum Facebook-Post ass et d'Informatioun, dass d'Déier immens fäertereg ass, an een ëm op kee Fall soll nolafen, wann een et gesäit.

RTL

D'Déier lauschtert op den Numm "Sammy", gehéiert enger Privatpersoun a wier do gutt gehalen. Et wier wuel fortgelaf, well iergendeppes et erféiert hätt. Et ass ongeféier 80cm héich an deet kengem eppes zu Leed.

E Veterinär ass dann och schonn informéiert, a wäert sech ëm d'Déier këmmeren, soubal et konnt agefaange ginn.

Et zirkuléiert dann och schonn e Video vum Déier, dat zu Konsdref gesi gouf. Op engem weidere Video gesäit een et op der Streck tëscht Konsdref an dem Mëllerdall.

De "Sammy" gouf en Dënschdeg de Mëtteg tëscht Konsdref an dem Mëllerdall gesinn
Et heescht deemno oppassen op de Stroossen.

Mir haten dann och de Buergermeeschter vu Konsdref am Interview, deen duerch e Post op engem Internetsite op den Tëschefall opmierksam ginn ass. An enger éischter Phas huet e geduecht, et géif sech ëm e Fake handelen. Et sollt sech dann awer séier erausstellen, dass et Realitéit wier, an d'Déier géif duerch de Mëllerdall lafen.

D'Veterinärinspektioun, d'ANF an d'Fierschter sinn informéiert. Zesumme mat de Besëtzer vum Déier ass een op der Sich no dësem, fir dann eng Léisung ze fannen.

De Buergermeeschter vu Konsdref bestätegt, dass e Känguru ausgebéchst ass.
D'Autoritéite sinn informéiert a këmmere sech drëm, d'Déier nees anzefänken.

Soubal mer weider Informatiounen hunn, deele mir Iech se mat. Hutt Dir Informatiounen, déi Dir eis wëllt matdeelen, da maacht dat via Mail op red[at]rtl.lu