Jorelaang goufen d'Biere Benji a Balu am Aserbaidjan mësshandelt a "just als Attraktioun gehalen". Lo kréie si endlech "dat Liewen, dat si verdéngen".

Laang huet d'Rettung vum Benji a Balu onméiglech geschéngt, ma duerch d'Hëllef vun der Cargolux kënnen d'Bieren aus hirem "miserabele Liewen an engem winzege Käfeg" am Aserbaidjan gerett ginn.

Schonn zejoert hat d'Déiererettungsstatioun "Wildheart Animal Sanctuary" aus Groussbritannien ugefaangen, Spenden ze sammelen, fir de Bieren en "neie Liewensraum ze bauen". De Benji an de Balu liewen nämlech "gelangweilt, hongereg a mat schwéiere Blessuren" nieft engem Restaurant, wou si "just als Attraktioun gehale ginn, fir Clienten unzelackelen".

Ma elo hunn déi zwee "eng Chance op e bessert Liewen" an der Rettungsstatioun op der Isle of Wight, wéi de "Wildheart Animal Sanctuary"  op sengem Site schreift. Ee vun de gréisste Problemer, fir d'Déieren a Groussbritannien ze kréien, wier nämlech elo geléist. Laang hätt een no engem "humanen Transport" gesicht, fir datt d'Déieren net ze laang ënnerwee wieren. En Transport vum Aserbaidjan iwwer Land, Schinnen oder Mier hätt deemno eng schwéier Rees bedeit, sou datt déi bescht Léisung, "e Fluch direkt an d'Vereenegt Kinnekräich" wier.

D'Käschten, fir zwee Bieren esou wäit ze fléien, sinn awer horrend, wouduerch d'Rettung laang onméiglech gewierkt huet. Bis d'Lëtzebuerger Cargolux ugebueden huet, de Fluch fir de Benji an de Balu z'iwwerhuelen. Well et awer deen éischten Asaz vun där Aart am Aserbaidjan ass, huet d'Cargolux net just d'Käschten iwwerholl, mä och speziell Këschte fir den Transport vun den Déiere gebaut. Fir de Fluch vu ronn 3.000 Meile wäerten d'Bieren eng 5 bis 6 Stonnen am Fliger verbréngen.

"Et gëtt keen Zweiwel dorun, datt dëse Projet ouni d'Cargolux ni hätt kënne realiséiert ginn. Dëst war eng vun de gréisste Käschte vun der ganzer Operatioun a mir kënne Cargolux net genuch dofir Merci soen, datt si eis gehollef hunn, dës lescht Hürd ze meeschteren", erkläert d'Lawrence Bates, CEO vum Sanctuary. Si betount iwwerdeem, wéi erfueren d'Cargolux am Transport vun Déieren ass. "Vläicht am bekanntsten duerch den Transport vun zwee Belugawalen aus China an dat éischt fräit Belugawal-Schutzgebitt bei Island." 

Dem President a CEO vu Cargolux Richard Forson no hätt ee sech bei der Cargolux fir d'Fërderung vum Déiereschutz verflicht, fir zu der "Erhalung vun den Déiere bäizedroen". "Mir freeën eis dorop, déi zwee an hirem neien Doheem opbléien ze gesinn."

Ëm den Transport iwwer d'Kontinenter këmmert sech en Expertenteam. Nieft de spezielle Këschte fir e sécheren a komfortabelen Transport wäerten de Benji an de Balu och vu Veterinäre begleet ginn. Dono musse si da just nach duerch d'Vereenegt Kinnekräich iwwer de Solent op d'Isle of Wight reesen, wou si viraussiichtlech am Juni ukomme wäerten.

Hiert neit Doheem wäert sech staark vum Liewen am Aserbaidjan ënnerscheeden, wéi d'Déiererettung weider schreift. Bis ewell kennen déi zwee just "Bëtong ënnert hire Féiss", hu "kee Waasser, fir sech dran ze dréinen a keng Plaz, fir ze iwwerwanteren". Hiren neie Liewensraum ass "eng 3.500 Quadratmeter grouss, huet Wiss, Beem, Weieren an Hiele fir de Wanterschlof". Och d'Iesse wäerten déi zwee sech bestëmmt gutt schmaache loossen.