"Einfach so sympathisch"Zwee Lëtzebuerger Poliziste loosse sech vu Fotograf an Influencer fotograféieren

RTL Infos
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Fabiano ass en däitsche Fotograf, dee Leit op oppener Strooss uschwätzt a si fotograféiert. Rezent war hien hei am Grand-Duché ënnerwee.
© Facebook/fabian.mit.o

Vu engem vu senge Follower krut hien d’Aufgab, emol Polizisten am Ausland ze fotograféieren. Déi Aufgab huet de Stroossefotograf aus Düsseldorf du probéiert, hei am Grand-Duché ze léisen. Op Englesch huet hien der Lëtzebuerger Beamtin d’Situatioun erkläert a sech virgestallt. Si huet him dunn emol proposéiert, datt si och Däitsch schwätze kéint. An d’Äis war gebrach.

Op d’Fro, ob de Fabiano déi zwee kéint fotograféieren, huet de Partner vun der Polizistin mat engem Schmunzele gemengt, datt hie rezent net beim Coiffer war. D’Beamtin selwer huet awer dunn decidéiert, “dach, komm, dat maache mer”. An esou sinn a kuerzer Zäit e puer gutt Fotoe vun den zwee Lëtzebuerger Polizisten entstanen, vun deenen een der och e puer am Video vum Fabiano, wéi de Fotograf op Instagram a Facebook heescht, ze gesi sinn.

De Video huet och Succès an huet Stand elo (de 14. Januar um 8.20 Auer) bal 10.000 Views op Instagram an 73.000 op Facebook, dat no grad emol eppes méi wéi engem Dag op senger Plattform. De Fabian huet mat iwwer 160.000 Follower och net de klengsten Account op Instagram an et fënnt ee vill Videoen a Fotoe vun him op sengem Account. Sief dat vu Polizisten, awer och vun anere Leit oder vun Déieren, déi de Streetfotograf op der Strooss trëfft. Esou spontan Biller ze maachen, si säi Markenzeechen, an hien ass ëmmer nees an de grousse Stied an Europa ënnerwee.

Eis zwee Lëtzebuerger Beamte kommen dann och beim Fabian senge Follower gutt un. “2 super sympathische luxemburgische Polizisten” ass dorënner ze liesen, oder och “echt coole Fotos. Und total sympathisch”. E weidere Luef kënnt da vun enger anerer Instagram-Userin, déi eng Fro opwërft, “Wo findest du immer die ganzen schönen Menschen?” oder eng Lëtzebuergerin, déi seet, “Unsere Polizisten hier in Luxembourg sind echt cool”. An an de Commentairë gëtt och ëmmer nees positiv ervirgestrach, datt si gutt Däitsch schwätzen.

Et ass also net just de Fotograf, deen d’Renconter mat de Polizisten als positiv aschätzt, mä och seng Follower an aner User gesinn dat genau esou. Duerch déi kuerz Zäit also, déi déi zwee Beamten investéiert hunn an duerch hiert sympathescht Optrieden, hu si e positiivt a kompetent Bild ofginn, esouwuel fir de Grand-Duché wéi och fir all hir Aarbechtskolleegen.

Back to Top
CIM LOGO