"Bauer sucht Frau": Mord a Selbstmord bei Ex-Kandidat

© ATV.at
Déidlecht Bezéiungsdrama bei der der éisträichescher Versioun vu "Bauer sucht Frau". En Ex-Kandidat huet seng Frëndin ëmbruecht a Selbstmord gemaach.
Éisträichesch Medien mellen, datt den Bauer Alfred laang op der Sich no enger Frëndin gewiescht wier an dat och de Grond war, firwat hien sech 2005 bei "Bauer sucht Frau" ugemellt hat. Do sollt den 44 Joer ale Bauer säi Gléck leider net fannen, dofir hat hien awer no der Sendung seng Frëndin am Internet kenne geléiert.
Nodeems d'Cornelia op säin Haff geplënnert ass, koum et séier zu Streidereien. E Méindeg koum et dunn zum bluddegen Drama: De Bauer huet seng däitsch Frëndin mat engem Kichemesser erstach a sech duerno an der Scheier d'Oderen opgeschnidden. Den 14 Joer ale Bouf vum Bauer hat d'Läich vun der Fra fonnt an d'Police geruff.
D'Mënschen am 2000-Séilen-Duerf stinn ënner Schock iwwert den trauregen Virfall. Onkloer ass, wéi et zur Dot komme konnt. Der Police no, solle familiär Problemer de Grond gewiescht sinn.