RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Johny Goudenbour

De Johny Goudenbour ass e Lëtzebuerger Tennis-Ass.
Am "Café des artistes" am Gronn zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, wéi hien den éischte Lëtzebuerger Tennis-Profi ginn ass, firwat seng Zäit op der Bank sou kuerz war a firwat säin éischten Auto just véier Deeg gehalen huet. Donieft verréit hien, dass hie 35 Joer mat der selwechter Rackett gespillt huet, firwat hien zu Bayern München hält a wéi dat ass, op Silvester gebuer ze sinn.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.