Der brittesche Prënz Harry huet um drëtten Doudesdag vu senger Groussmamm Kinnigin Elizabeth II. hiert Graf besicht.

De jéngste Bouf vum Kinnek Charles III. hätt e Méindeg ee Blummekranz op dem Graf néiergeluecht, esou ee Spriecher vum Prënz. Iwwer ee verséinlecht Treffen tëscht dem Kinnek a sengem Jong, iwwer dat spekuléiert gouf, war näischt bekanntginn. De Spriecher sot just den Harry hätt d'Graf vun der Queen eleng besicht.

Den Harry, deen an den USA lieft, war a seng Heemecht gereest, fir e Méindeg den Owend un enger Präisiwwerreechung zu London deelzehuelen. D'Gala gëtt am Kader vum 20. Anniversaire vun de WellChild Awards ofgehalen, mat deenen d'Hëllefsorganisatioun schwéier krank Kanner éiert. De 40 Joer ale Prënz Harry ass zanter 17 Joer Parrain vun der Organisatioun. En Dënschdeg sinn an der englescher Stad Nottingham weider Rendez-vouse geplangt.

Ier hien a Groussbritannien ukomm ass, war awer virun allem iwwert eng méiglech Entrevue tëscht dem Harry a sengem Papp dem Kinnek Charles spekuléiert ginn, bei där déi zwee sech nees sollte besser verdroen. Den Harry a seng Fra Meghan hate sech 2020 am Sträit mat der brittescher Kinneksfamill vun hire royale Flichten zeréckgezunn. Zanterhier wunne si mat hire Kanner Archie a Lilibet am Meghan senger Heemecht Kalifornien.

Den Harry hat zulescht iwwert säi Papp gesot, dee géif net méi mat him schwätzen. Och d'Verhältnes zu sengem eelere Brudder, dem Krounprënz William gëllt als ganz ugeschloen. Am Mee huet de Prënz Harry an engem Interview allerdéngs an engem BBC-Interview gesot, hien hätt d'Hoffnung, sech nees mat der Kinneksfamill ze verdroen.

Ob sech bei engem Besuch a Groussbritannien dozou d'Geleeënheet bitt, war iwwerdeems awer net kloer: de Prënz William hat e Méindeg ee Rendez-vous ausserhalb vu London an de Kinnek Charles III war de Weekend iwwer nach a Schottland.