
Dass dëst Verhale Konsequenze mat sech bréngt, hat den 48 Joer ale Kënschtler schonn ze spiere kritt, wéi den däitschen RTL hien aus der aktueller DSDS-Staffel geschmass hat. Ugangs war hien nach als Jury-Member ze gesinn, duerno gouf hien esouguer komplett erausgeschnidden.
Elo huet och déi berüümten Internet-Plattform Instagram reagéiert. Well hien ëmmer nees géint d’Richtlinne verstouss huet, gouf säin Account gespaart. Dat huet Instagram en Donneschdeg DPA géintiwwer confirméiert.
Zanter dem Ufank vun der Pandemie huet de Wendler d’Mesuren am Kampf géint de Coronavirus ëmmer nees a Fro gestallt a Verschwierungstheorien zu deem Thema verbreet.
