D'Buchbënnerin
An eiser Serie „Aussergewéinlech Beruffer“ geet et dës Kéier ëm d'Buchbënnerin. D’Danie Köller-Willems.
Am Mëttelalter waren et virun allem d'Mënchen am Klouschter, déi dëse Beruff haten. Si souze Wochen, heiansdo Méint, un hiren Dëscher an hu sech ëm d'Bicher gekëmmert. Si hu se net nëmme geschriwwen, mee hunn duerno all eenzel Säit zesummegepecht an gebutt, fir dass et herno ee Ganzt ginn ass: E Buch.
Hautdesdaags ass dee Beruff éischter seelen, ma dobäi kënnen eenzegaarteg Stécker herno dobäi erauskommen oder souguer erhale bleiwen. D'Danie Köller-Willems huet d'Léift zu de Bicher vun Doheem verierft kritt. Hire Papp ass selwer Buchbënner an hëlleft hir och haut nach gär an hirem Atelier. Leschte Wanter huet si nämlech déi al Reliure vu Saint-Paul iwwerholl an huet sech elo aus hirem Keller Doheem ëm méi wéi dat Duebelt vergréissert. Soss huet si gréisstendeels al Bicher restauréiert. Si ass dofir extra op Paräis gaangen, fir sech forméieren ze loossen. Virun allem d'Reaktioun vun de Leit, déi duerno dat aalt "neit" Buch nees am Grapp halen, wier et derwäert fir déi vill Stonnen, déi si an d'Restauratioun investéiert. Ma och einfach Abënn vu Bicher gehéieren zu hirem Alldag dobäi an un Aarbecht feelt et hir definitiv net. D'Danie gëtt zousätzlech nach Coursen am Lycée des Arts et Métiers, wou een dëse Beruff léiere kann.
Déi aner Episoden am Iwwerbléck
3. Episod: Ee Privatkach, fir bei Iech doheem
2. Episod: De Pol Zimmermann ass ee vu ronn 70 Fierschter zu Lëtzebuerg