Och wann d'Kand schonn e Freideg op d'Welt komm ass, huet d'Koppel d'Gebuert vun hirem Meedchen e Sonndeg réischt bekannt ginn.

D'Meedchen ass e Freideg op d'Welt komm, dat zu Kalifornien an den USA. Wéi et säitens der BBC heescht, géif d'Kand e "bedeitende Numm" droen a soll Lilibet "Lili" Diana Mountbatten-Windsor heeschen.

Souwuel dem Kand, wéi och der Mamm géif et gutt goen, heescht et vun offizieller Säit. De 2. Numm Diana steet natierlech an Éiere vun der verstuerwener Groussmamm, der Prinzessin Diana.

Domadder ass d'Meedchen dann och schonn dat 11. Ur-Enkelkand vun der Queen. D'Koppel seet dann an engem kuerze Statement Merci fir déi vill léif Gléckwënsch, déi se bis ewell scho kritt hunn.