D'Sonn gouf zwar net ganz verdeckt, ma e Bléck huet sech trotzdeem rentéiert. Ëmmerhin ass déi lescht scho 6 Joer hier.

Partiell Sonnendäischterte sinn am Prinzip net esou seelen, déi nächst ass an e bësse méi wéi engem Joer, de 25. Oktober 2022.

Eng total Sonnendäischtert ass ganz seelen ze beobachten. Mir haten bei eis den 8. August 1999 an déi nächst ass réischt am Joer 2081.

D'Sonnendäischtert huet vun 11.20 bis 12.20 Auer gedauert.