Déi brittesch-belsch Zara Rutherford wëll déi jéngste Fra ginn, där dat geléngt.

Duerch 52 Länner soll d'Rees ronderëm d'Welt goen, déi jonk Fra wëll sech 3 Méint Zäit dofir loossen. Déi eenzel Etappe sollen tëschent 5 a 6 Stonnen daueren, beim Start um Mëttwoch goung et deemno iwwert eng nach relativ kuerz Streck aus hirer Heemecht Kortrijk iwwert den Äermelkanal an England.

Der Zara Rutherford hire Fliger weit grad mol 325 Kilo. Si wëll grouss Flughafen evitéieren a virun allem op méi klenge Felder landen, fir ze tanken a Paus ze maachen. Déi 19-Joer-al Fra wëll eng Kéier Astronautin ginn a mat hirer Weltrees en Zeeche fir Meedercher a Frae setzen.

Dee jéngste Mënsch, deem et bis elo gelongen ass, eleng ronderëm d'Äerd ze fléien, ass den 18-Joer-ale Britt Travis Ludlow. Hien hat seng Rees am Juli ofgeschloss.