De Ryodo Kajiwara, deen d'lescht Joer de Präis vum beschten Newcomer krut, ass Kach vum Joer.

De gastronomesche Guide huet de Méindeg déi talentéiertste Käch vu Lëtzebuerg am Parc Hotel Alvisse geéiert. De Gault&Millau ass dee meescht verkaafte gastronomesche Guide an de BeNeLux-Länner an dovunner gëtt et och eng Versioun, déi sech reng mam Grand-Duché beschäftegt .

Hei fannt dir d'Gewënner am kuerze Video-Porträt.

1. Kach vum Joer: Ryodo Kajiwara, "Ryodo"

2. Jonke Kach vum Joer: Paul Cabayé, "Les Jardins d'Anaïs"

3. Restaurant mat lokaler Kichen: "A Guddesch"

4. Pâtissière vum Joer: Adeline Campestre, "La Cristallerie"

5. Sommelier vum Joer: Giovanni Curcio, "Fani"

6. Decouverte vum Joer: "Eden Rose"

7. Hôtesse vum Joer: Njomza Musli, "Léa Linster"

8. Mediterrane Restaurant vum Joer: "OiO - Osteria con Cucina"

9. Bar vum Joer: "Amore"

10. Pop of the Year: "La Baraque"