Beim Iessen, am Café oder och no engem stressege Schaffdag - Alkohol konsuméieren ass fir vill Leit normal. Wéi schwéier ass ee Mount ouni Alkohol?

D'RTL-Journalistinne Valeria Wiwinius a Céline Spithoven wollte genee dat wëssen.

D'Fondation Cancer hat Enn 2021 opgeruff, bei der zweeter Editioun vun der Sober Buddy Challenge matzemaachen. D'Zil ass et, zesumme mat engem Kolleeg, Bekannten oder Familljemember de ganze Januar iwwer keng Drëps Alkohol ze drénken. Et weilt een de Leit virun An féieren, wéi vill Alkohol se zou sech huelen a wat fir kierperlech Auswierkungen de Verzicht op Alkohol mat sech brénge kann. Alkohol ass nämlech den zweethéchste Risikofacteur fir Kriibs ze kréien.

Am Selbsttest wollten eis Journalistinnen erausfannen, wat esou d'Hürde sinn, wann ee keen Alkohol konsuméieren dierf, wéi eng Alternativen et ginn am Iessen a Gedrénks an ob de Verzicht op Alkohol och nom Dry-January weiderhin eng Optioun ass.

Sou vill sief versprach: Corona huet hinnen zwee den Challenge däitlech vereinfacht. Alternativen zum alkoholesche Gedrénks an Iessen goufen et genuch. Dës hunn awer och dem Valeria Wiwinius seng Kachkënscht op d'Prouf gestallt.

Wéini de Verzicht op Alkohol fir déi zwou Journalistinnen am schwieregste war a wéi de ganze Mount gelaf ass, gitt dir am Reportage gewuer.