Sicht Iech en "Sober Buddy" a verzicht am Januar op Alkohol
Déi meescht wäerte schonn dovunner héieren hunn: Dry January oder Sober October. D'Aufgab dohannert ass et, einfach mol e Mount op Alkohol ze verzichten.
Zënter dem 15. Dezember kann ee sech fir déi 2. Editioun vun der Sober Buddy Challenge umellen. Et ass en Challenge vun der Fondation Cancer, deen dozou oprifft, de ganze Januar op Alkohol ze verzichten. Et gi scho méi laang Beweegunge wéi Dry January oder Sober October. Fir d'Sober Buddy Challenge soll ee sech awer e Kolleeg oder e Familljemember sichen, dee mat engem zesummen de ganze Mount KEEN Alkohol drénkt. Dat soll den Challenge méi einfach maachen, well ee sech géigesäiteg ënnerstëtze kann an et zu zwee einfach méi witzeg ass, sou Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer.
Et wëll een d'Leit drop opmierksam maachen, wéi vill Alkohol konsuméiert gëtt. Dat ass engem villäicht selwer net sou bewosst, mee d'Glas Wäin beim Iessen oder d'Kippchen, fir all Occasioun ze feieren, ka ganz séier zur Gewunnecht ginn. Dobäi ass Alkohol eng Gewunnecht, déi immens schiedlech fir de Kierper ass. Vill Leit wëssen et net, mee Alkohol ass den zweethéchste Risikofacteur, fir u Kriibs ze erkranken. Daarmkriibs, Kriibs am Mond, awer och Broschtkriibs bei Frae kann op Alkoholkonsum zréckgefouert ginn. Dobäi schwätze mir net nëmme vun iwwerméissegem Alkoholkonsum, mee och dat alldeeglecht Glas Wäi gehéiert dobäi.
Op Alkohol ze verzichten, miniméiert awer net nëmmen de Risiko, Kriibs ze kréien, et huet och anerer gesondheetlech Virdeeler. Sou gëtt de Schlof besser, et kann een ofhuelen, sech besser konzentréieren an d'Haut ka sech verbesseren.
Wien elo motivéiert ass, fir um Dry January deelzehuelen an e Kolleeg matzezéien, ka sech nach fir d'Sober Buddy Challenge umellen. Jiddereen, deen ugemellt ass, ka säi Fortschrëtt och iwwert eng Applikatioun vun der Fondation Cancer verfollegen. Hei kann een dann all Dag androen, ob een de Verzicht gepackt huet an et kritt en e puer Tipps an Tricks, wéi een zum Beispill och ouni Alkohol lecker Cocktaile mixe kann.