Um Minett Trail waarden 11 aussergewéinlech Kabaisercher drop, entdeckt ze ginn. Mir hunn e puer vun hinne getest.

Op ronn 90 Kilometer, opgedeelt an Etappen, kënne Wanderer um Minett Trail de Süde vum Land entdecken, mat senger Natur, Geschicht a Kultur. Ënnerwee fënnt een 11 aussergewéinlech Kabaisercher, an deenen ee sech ausrouen a schlofe kann.

Se sollten eigentlech pénktlech fir d'Ouverture vun Esch2022 prett sinn, fir Gäscht z'empfänken. Dee Plang ass awer bekanntlech net opgaangen. Ma elo ginn déi 11 Kabaisercher sou lues eng no der anerer fäerdeggestallt. Dräi Stéck kann een den Ament offiziell buchen. Bis Enn vum Joer solle se dann all prett sinn. Mir kruten exklusiv d'Méiglechkeet, am Virfeld sechs Plazen ze testen, am Kader vun eiser Serie "Eng Nuecht am Minett". Kuckt Iech hei nach eemol all d'Episoden un.

Episod 1: De Floater zu Diddeleng

Wéi den Numm et scho seet, schwieft dës nei Konstruktioun iwwert dem Waasser vun engem fréiere Killbaseng vun der Diddelenger Schmelz. Op ronn 50m2 kënnen hei am Ganze 4 Persounen an Eenzelbetter schlofen an dat fir 150 Euro d'Nuecht.
An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 5/5
• Confort: 4/5
• Originalitéit: 5/5
• Präis-Leeschtung: 4/5

TOTAL: 4,5/5

Episod 2: Ale Büro vun der Arbed zu Téiteng

An dësem renovéierten historesche Gebai goufe fréier d'Buggie mam wäertvolle Gestengs gewien, éier se an d'Schmelze gefouert gi sinn. Haut deele sech hei 6 Persounen en Espace vu 40m2, mat 4 Eenzelbetter an engem Duebelbett. Eng Nuecht kascht 150 Euro.

An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 3/5
• Confort: 3/5
• Originalitéit: 4/5
• Präis-Leeschtung: 4/5

TOTAL: 3,5/5

Episod 3: D'Haus Gonner zu Rëmeleng

Ëm 1900 war dëst Haus - gebaut aus Natursteen aus der Ëmgéigend - e Bürosgebai vun der Minn. An dësem Gîte fannen 8 Persoune Plaz fir ze schlofen, opgedeelt op 4 Duebelbetter. Een Zëmmer kritt ee fir 120 Euro d'Nuecht. A fir 310 Euro kann een dat ganzt Haus buchen.

An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 4/5
• Confort: 3/5
• Originalitéit: 4/5
• Präis-Leeschtung: 3/5

TOTAL: 3,5/5

Episod 4: De Gîte zu Bieles

Nieft der Gare Belval-Réideng steet dësen Neibau mat ronn 110m2 Wunnfläch. An engem Dortoir kënnen 12 Persounen a Schlofkapselen iwwernuechten. 30 Euro kascht en Eenzelbett, 60 Euro en Duebelbett. Dëse Gîte ass iwwerdeems komplett rollstullgerecht.

An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 4/5
• Confort: 3/5
• Originalitéit: 3/5
• Präis-Leeschtung: 5/5

TOTAL: 3,75/5

Episod 5: Den Zuchwaggon am Fond-De-Gras

Bis 1955 gouf am Fond-De-Gras Eisenäerz ofgebaut. Haut kënne Wanderer do an engem alen Zuchwaggon schlofen. Fir 6 Leit ass op de 60m2 Plaz. Fir 120 Euro d'Nuecht kritt een eng Kummer a fir 310 Euro de ganze Waggon.

An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 4/5
• Confort: 4/5
• Originalitéit: 5/5
• Präis-Leeschtung: 3/5

TOTAL: 4/5

Episod 6: En Zirkuswon zu Schëffleng

Am Schmëttbësch zu Schëffleng kann een an engem Tiny House vun 33m2 schlofen, an dat zu 4 an zwee Duebelbetter. De Won ass just eng provisoresch an temporär Alternativ bis den eigentleche Projet "Waasserbaseng" am Joer 2023 fäerdeggestallt gëtt. D'Präisser stinn nach net fest (Stand: 29.08.2022).

An eiser Bewäertung schneit d'Iwwernuechtungsméiglechkeet folgendermoossen of:

• Lag: 3,5/5
• Confort: 3/5
• Originalitéit: 3/5

TOTAL: 3,16/5

No der Rentrée am September stelle mir Iech dann och d'Kabaisercher vu Beetebuerg, Esch, Lénger, Biergem an Zowaasch vir.