Den neie kinnekleche Monogramm CIIIR ass am Vereenegte Kinnekräich ënner anerem op Regierungsgebaier, Bréifkëschten a staatlechen Dokumenter ze gesinn.

Den "C" steet fir Charles, "III" fir déi réimesch Zuel 3 an den "R" fir Rex, dat latäinescht Wuert fir Kinnek. De Monogramm vun der verstuerwener Kinnigin Elizabeth II. war EIIR.

Den neie Monogramm gëtt deemno scho vun en Dënschdeg u vum Buckhingham Palace op de Bréiwer benotzt, deen Ament ass déi offiziell Trauerzäit vun der kinneklecher Famill eriwwer. D'Post am Schlass verschéckt all Joer ronn 200.000 Bréiwer, vun Invitatiounen fir Evenementer, Äntwerten op Schreiwesse bis hin zu Staatsugeleeënheeten.

Den éischte Geldschäi mam Bild vum neie Kinnek Charles II. gëtt awer eréischt Mëtt 2024 an den Ëmlaf bruecht. Dat huet d'Bank of England en Dënschdeg annoncéiert. De Portrait fir drop soll awer schonn Enn dëst Joer presentéiert ginn.

Gedréckt gëtt d'Gesiicht vum Monarch deemno op nei 5-, 10-, 20- a 50-Pond-Schäiner, sou d'Zentralbank am Vereenegte Kinnekräich nach. Soss géife "keng Verännerunge gemaach ginn". Déi al Schäiner mat der Queen bleiwen am Ëmlaf a gi just bei Beschiedegung aus dem Verkéier gezunn. Dat war e Wonsch vum brittesche Kinnekshaus, fir déi "ökologesch a finanziell Auswierkunge vum Monarchewiessel ze minimiséieren.