"Hola Mallorca" (1)
Mallorquinesch Albondigas, awer mat Auberginnen
D'Summer-Serie "Hola Mallorca" ass nees zeréck. All Dag huet den Dan Becker e Gaascht op Besuch, deen Iech mat engem gudde Maufel aus dem Süde verwinnt.
Un der Säit vum Dan Becker ass fir déi éischt Kach-Emissioun vun "Hola Mallorca" ass d'Toni Herreres. A wann d'Toni bei sech doheem Leit invitéiert, dierfen natierlech Tapas net feelen.
Fir eis präparéiert d'Mallorquinerin Albondigas, awer net ewéi gewinnt aus Gehacktes, mä mat Auberginnen.
Wat brauch een, fir d'Rezept nozekachen?
2 Auberginnen
1 Ënn
Knuewelek
2 Tomaten
Salz a Peffer
1 Ee
Panéiermiel
Mëllech
Brout
Mir wënsche vill Spaass beim Nokachen.
Am meeschte gelies