De 7.September war de Startschoss vun der zweeter Staffel "Ausgesat". Och an dëser Saison trieden zwou Ekippen an enger Rees ouni Plang géinteneen un.

Si mussen de Rucksak paken, ouni ze wëssen, wou et higeet, an dës Kéier esouguer ouni hire Co-Equipier ze kennen. Ouni Handy a mat limitéiertem Budget moossen d’Ekippe sech an den ënnerschiddlechsten Challengen.

All Ekipp setzt sech aus engem RTL-Kandidat an engem Casting-Kandidat zesummen. D’RTL-Kandidate sinn de Raoul Roos an de Loïc Juchem.

Wie mat hinnen an enger Ekipp untrëtt, hu si eréischt den Dag wéi et lassgaangen ass erausfonnt: Eis Casting-Kandidate sinn d’Jackie Ries an de Maurizio Cavuoto:

Ausgesat - De Portrait vum Jackie Ries
Et huet 24 Joer a kënnt vun Dikrech.
Ausgesat - De Portrait vum Maurizio Cavuoto
Hien huet 25 Joer an en ass vun Esch.

Wien bei wiem an der Ekipp gelant ass a wou et déi véier hi verschloen huet, kënnt dir hei am éischten Episod nokucken.

Nei Episode vun Ausgesat – Eng Rees ouni Plang: Vun elo un ëmmer donneschdes a freides um 19 Auer op der Tëlee an duerno am RTL Play.

Ausgeschwat - De Podcast zur Sendung: Ëmmer freides vun 19.30 Auer un op RTL Play.