Making of "Ausgesat"
Hannert de Kulisse vun der Rees ouni Plang
Sechs Woche konnt een déi véier Kandidate vun "Ausgesat" bei hirer Rees ouni Plang duerch de Senegal suivéieren.
Déi grouss Finall steet virun der Dier. Wéi d’Course wäert ausgoen, wëssen eis Kandidaten natierlech – trotzdeem ware si gespaant, déi grouss Finall mat eis an Avant-Première ze kucken. Mir hu vun der Situatioun profitéiert, fir mat hinnen nach eng Kéier op d’Experienz an och op e puer Behind-The-Scenes-Momenter zréck ze kucken, déi et esou bis elo nach net op d’Antenn gepackt hunn.
Déi grouss Finall vun Ausgesat: En Donneschden an e Freiden um 19 Auer op der Tëlee an duerno op RTL Play.
Am meeschte gelies