De prestigiéise gastronomesche Guide huet um Méindeg am Parc Hotel Alvisse seng Präisser verdeelt.

De Louis Linster, dee virun 3 Joer "Jonke Kach vum Joer" ginn ass, gëtt an dëser Editioun mat der héchster Auszeechnung gekréint.

"Son évolution et sa constance ainsi que la justesse et la fraicheur de sa cuisine nous ont convaincu qu'il était temps de le consacrer ("Chef de l'Année")

Resultat: De Restaurant Léa Linster kritt eng Nott vun 17/20, wat him erméiglecht, an de enke Krees vun de Restaurante mat 4 Toquen opgeholl ze ginn, zesumme mat Ma Langue Sourit, La Distillerie, Fani a Mosconi. (Dat heescht, dat sinn déi Restaurante mat Notten tëscht 17/20 an 18,50/20)

Gault&Millau ass ee vun den aflossräichsten Restaurantsguiden. Den Numm ass d’Kombinatioun aus de Familljennimm vun de zwee Journalisten Henri Gault a Christian Millau. Si hunn de Guide gegrënnt an 1972 ass den Éischten a Frankräich erauskomm. Aktuell gëtt et en a 14 Länner weltwäit, eent dovunner ass Lëtzebuerg. 2003 den éischte fir BELUX an zënter 5 Joer gëtt et de Guide just mat Lëtzebuerger Adressen.

1. Kach vum Joer: Louis Linster, Chefkach am Restaurant Léa Linster zu Fréiseng

2. Jonke Kach vum Joer: Clovis Degrave, Chefkach an de zwee Restaurante Grünewald Chef’s table & Hostellerie du Grünewald zu Dummeldeng.

3. Restaurant mat lokaler Kichen: "Becher Gare"

4. Patissier vum Joer: Paul Bungert, "Ma Langue Sourit" zu Mutfert

5. Sommelier vum Joer: Olivier Petit, "Mosconi"am Gronn an der Stad Lëtzebuerg

6. Hip of the Year: "Manzoku"

7. Bar vum Joer: "BAC", Cocktailbar am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg

8. Decouverte vum Joer: "Specto (Morris Clip)", en neie Restaurant an der "Foodhall" G.A.N.G. vum Centre commercial Belle Etoile

9. Hôtesse vum Joer: "Lysiane & Katell Guillou, Restaurant Guillou Campagne"zu Schuller

10. Méditerranéen vum Joer: "Fevi Gaudium", Restaurant zu Esch-Uelzecht

All Detailer an exklusiv Videoe mat de Gewënner hei bei eise Kolleege vun RTL Infos.

Am Lëtzebuerger Guide, de vum 24. Oktober un an de meeschte Librairien hei am Land ze kréien ass, sinn och 24 nei Adressen. De Guide Belux mat 1.300 Adressen aus der Belsch an dem Grand-Duché kënnt de 27 November eraus.

🦞 Les lauréats du Gault&Millau 2023
🍣 Les lauréats du Gault&Millau 2022
🥦 Les lauréats du Gault&Millau 2021
🥩 Cyril Molard "Chef de l'année" pour la deuxième fois (2020)