De Prënz François hat säin éischten offiziellen Optrëtt mat sengen Elteren

© Image Elysis / Thierry Nelissen | Maison du Grand-Duc / Céline Maia via Facebook
De Prënz François ass emol nach kee Joer al a begleet seng Elteren den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie scho bei ëffentlechen Optrëtter.
En Dënschdeg war et dem Prënz François seng éischt offiziell Visitt an engem Fleegeheem. D'Ierfgroussherzoglech Koppel huet zesumme mam Minister Max Hahn d'Fleegeheem "Elysis" am Neiduerf besicht, an huet d'Geleeënheet genotzt, den Bewunner vum Heem hire Jéngste virzestellen.
Den Haff huet en Donneschdeg Fotoe vun der Visitt op de soziale Medie publizéiert. Fir eng éischte Kéier schéngt de klenge Prënz sech a senger Roll scho ganz wuel gefillt ze hunn. Hien huet de Bewunner, déi sech sichtlech iwwert de Besuch gefreet hunn, gelaacht a grouss Ae gemaach.
De Prënz François koum de 27. Mäerz an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt an ass de klenge Brudder vum Prënz Charles, deen am Mee säin drëtte Gebuertsdag gefeiert huet. Wéi et an engem Communiqué vum Fleegeheem heescht, huet de klenge François "Häerzer eruewert an de Residenten Laache geschenkt, un déi si sech nach laang erënnere wäerten."
D'Ierfgroussherzogin hätt sech besonnesch fir d'Museks- a Konschttherapie interesséiert, déi am Heem ugebuede ginn, an d'Koppel wier nach fir ee klenge Maufel mat de Bewunner an hire Famillje bliwwen.