Zwee Mol Sëlwer fir d'Brasserie Nationale

M. Mathias Lentz, Directeur de la Brasserie Nationale, à gauche, et M. Maurice Treinen, Directeur de production, à droite / © Brasserie Nationale
Iwwerzeege konnten de Bofferding Pils an der Kategorie "International style pilsner" an de Battin Gambrinus an der Kategorie "Dortmunder export".
D'Brasserie Nationale feiert eng nei Victoire mat der rezenter Auszeechnung mat zwou Sëlwermedailen op de Craft Beer Awards zu London. Virun allem d'Qualitéit vun de Produite, déi ouni Zousazstoffer auskommen, konnt d'Jury iwwerzeegen.
D'Craft Beer Awards si bekannt als déi prestigiéist Kompetitioun vum Béier a ganz Europa. Andeems de Bofferding Pils an d'Battin Gambrinus ausgezeechent goufen, honoréiert d'Jury esouwuel d'Innovatioun, wéi och d'Exzellenz vun dësen zwee Béieren.
De Mathias Lentz, Direkter vun der Brasserie Nationale, ass méi wéi zefridde mam Resultat:
"Mir si geéiert an houfreg, dass mir dës Sëlwermedailen op de Craft Beer Awards zu London kruten. Et ass d'Unerkennung vun eisem konstanten Engagement géintiwwer der Qualitéit an der Authentizitéit. Dës Präisser bestäerken eis Iwwerzeegung vun deem, wat mir maachen a motivéieren eis fir weider ze maachen."