KietschtBam-Planzaktioun mat de Schoulkanner

Charles Reiser
D'Schoukanner vum Cycle 4.2 aus der Grondschoul vu Kietscht hu bei der Bam-Planzaktioun matgemaach.

Et war fir d'Schoulkanner aus dem Cycle 4.2 vun der Kietschter Grondschoul viru Kuerzem eng besonnesch Freed, fir an Zesummenaarbecht mam Revéierfierschter Serge Hermes a sengem Team aus dem Naturschutzzentrum Buerfelt eng Benjesheck unzeleeën a ronn 300 Heckeplanzen als Kompensatiounsplanzung um Site vum neien Kietschter Pumptrack ze planzen.

Am Kader vun dësem Evenement mat natierlechem Charakter huet de Fieschter mat senge Leit de Schoulkanner Sënn an Zweck vun dëser Planzaktioun erkläert an hinnen d'Wichtegkeet vun dëse Planzen an der Natur erkläert. Mat derbäi waren och d'Leit aus dem techneschen Service vun der Gemeng Rammerech. Zum Schluss huet d'Buergermeeschter Myriam Binck mat de Membere vum Gemengerot, de Leit vun der "anf" mat hirem Fieschter och Merci gesot, fir hiert Engagement mat de Kanner an test ganz am Déngscht vun der Natur.

Back to Top
CIM LOGO