Dir hutt gewieltÄre Lëtzebuerger an Är Lëtzebuergerin vum Joer 2023 sti fest

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joer konnt Dir Är Kandidate fir den Titel Lëtzebuerger vum Joer proposéieren an duerno ofstëmmen. Dat hutt Dir och fläisseg gemaach.
Dat sinn Är Lëtzebuerger vum Joer 2023!
D’Jakkie Paulus an de Georges Klepper goufe vun Iech gewielt a sinn domat de Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergerin vum Joer 2023.

De Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergin vum Joer sti fest.

Den Titel Lëtzebuerger vum Joer 2023 geet un de sportbegeeschterte Georges Klepper. Hien ass 2015 un ALS erkrankt a kann zanterdeem net méi selwer sportlech aktiv sinn. D’Passioun ass awer bliwwen an dofir huet hien déi lescht zwee Joer mat engem ganzen Team u Kolleegen u sengem Buch geschafft, an deem 140 Joer Lëtzebuerger Sport festgehale goufen.

De Georges Klepper mat senger Fra, sengem Fils an dësem seng Frëndin. D'Famill hält zesummen an ass immens houfreg op de Georges.
De Georges Klepper mat senger Fra, sengem Fils an dësem seng Frëndin. D’Famill hält zesummen an ass immens houfreg op de Georges.

Är Lëtzebuergerin vum Joer 2023 ass d’Jakkie Paulus. Déi jonk Fra schafft mat jonken Erwuessenen, engagéiert sech an hirer Fräizäit awer och nach beim CGDIS als benevole Mataarbechterin beim Groupe Support Psychologique. Vum 1. Januar un ass d’Jakkie Paulus souguer déi éischt weiblech Chef de Groupe vum GSP an hëlt de Präis stellvertriedend fir déi ganz Ekipp un, wéi si fënnt.

D'Jakkie Paulus ass zënter méi wéi 8 Joer beim GSP aktiv.
D’Jakkie Paulus ass zënter méi wéi 8 Joer beim GSP aktiv.

Back to Top
CIM LOGO