Et geet ëm d'Handwierk an d'Industrie!38 Schüler sinn op der Handwierksolympiad géinteneen ugetrueden

RTL Lëtzebuerg
Mir wëllen alleguer dee beschten Handwierker, valoriséieren dës Beruffswiel awer dacks net genuch. D'Handwierksolympiad soll fir en Ëmdenke suergen.
Et geet ëm d'Handwierk an d'Industrie!
38 Schüler a Schülerinne sinn op der Handwierksolympiad am Lycée Privé Emile Metz géinteneen ugetrueden.

Ënnert dem Slogan “Et geet ëm d’Handwierk an d’Industrie” sinn tëscht dem 15. an 19. Abrëll 38 Jongen a Meedercher aus dem Lycée Privé Emile Metz zu Dummeldeng handwierksiwwergräifend géinteneen ugetrueden. Si all sinn am zweete Léierjoer fir Zerspaanungsmechaniker, Industriemechaniker, Schlässer, Schräiner oder Elektriker.

An der richteger Beruffswelt kréie si vum Client oder vum Patron en Zäitraum genannt, an deem si e Projet mussen ofschléissen. An dorop wëll een d’Schüler virbereeden. Am Ufank vun der Woch krute si en Aufgabenheft ausgedeelt an haten du 16 bis 20 Stonnen Zäit, fir de Produit hierzestellen.

“Mir bauen en Nossknacker. Dat heescht, mir mussen de Knacker selwer bauen an och den Hiewel, fir d’Schuel ze zerbriechen. A mir hunn nach en Tirang geschweesst, wou d’Schuelen drafale sollen. Ech muss just elo séier e Stéck nei maachen an duerno hunn ech nach zwee, dräi kleng Stécker an da sinn ech fäerdeg”, erzielt de Louis Bellion, dee fir Industriemechaniker léiert.

An all Beräich ass d’Aufgab natierlech eng aner. “Mir schaffen hei un engem Camion (aus Holz). D’Zil ass et, an dräi Deeg fäerdeg ze ginn”, esou de Joé Jaas, deen eng Kéier Schräiner wëll ginn.

Et wëll een d’Schüler awer net nëmmen op d’Beruffsliewe preparéieren. De But vun der Olympiad ass virun allem d’Handwierk ze valoriséieren an dëse Beruffer e méi héije Stellewäert an der Gesellschaft ze vermëttelen.

“En Handwierk ass e Beruff mat Zukunft. (Mir wëllen de Schüler) weisen: Dat wat dir maacht, dat ass eppes Schéines. An dat Resultat, wann dir de Projet fäerdeg hutt, wat der erreecht hutt, dat ass och eppes wäert”, seet de Pascal Thill, Direkter vum LPEM.

Dacks wier et den Eltere léiwer, wann hir Kanner sech net fir eng Léier entscheeden, mee amplaz an de Classique ginn. Ma mir kréien nëmme gutt Handwierker, wa mer och gutt Schüler an dee Beräich loossen.

Et war déi éischt Editioun vun der Handwierksolympiad. E Jury wäert sech d’Projeten all ukucken an déi bescht Schüler dann och mat verschiddene Präisser belounen. Op si waart nämlech en neie Laptop, en iPad, en Akkuschrauber oder e Bong am Wäert vun 100 Euro.

Wien déi glécklech Gewënner sinn, gëtt awer eréischt op der Porte Ouverte de 4. Mee verroden. An do ass jidderee wëllkomm, fir bis laanscht luussen ze goen an déi ënnerschiddlech Handwierker z’entdecken.

Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz

Back to Top
CIM LOGO