Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Ausdauersport, den däitsche Fernsee, an FKK.

De Romain Possing bleift dem Sport trei an hänkt no senger erfollegräicher Lafkarriär eng als Ultracyclist drun. Nodeems hien tëscht 1983 an 2017 mat Marathon, Cross Country an 10.000 Meter direkt an e puer Disziplinne Champion am Lafe war, ass de Romain elo ëmgesuedelt an huet zanter 7 Joer de Vëlo fir sech entdeckt. Eng schwéier Chutte 2023 zu Paräis hat seng Dreem bal komplett zerstéiert. Op 40.000 Kilometer wëll de pensionéierte Polizist dëst Joer kommen. Ufank Mee war hien zesummen mam Dizzy beim "Race Across Italy" an elo plangt den Ultracyclist 2025 beim "Race Across America" mat un den Depart ze goen.

RTL
RTL

Den Detlef Steves huet eng kleng Zündschnouer an ass dowéinst direkt um héije Päerd. Bekannt, gouf hien duerch d'Doku-Soap "Ab ins Beet!" a ganz séier koumen aner Formater mam streidege Patréiner no: "Das perfekte Promi-Dinner", "Grill den Henssler" oder "Detlef muss reisen". Bei "Let's Dance" gouf hien den 10. vu 15 Participanten an zesumme mat senger Fra Nicole gesäit een hie bei "Hot oder Schrott". Op Youtube kacht den Éierebierger vu Moers, deen och schonn 3 Singelen opgeholl huet, elo zesumme mam Foodblogger Marco De Pace an der Sendung "Deffilicious".

RTL

© Nicole Müller

RTL

© Anelina Janeva

Fir den Armand Ceolin ass FKK méi ewéi just plakeg Tatsaachen, mä eng Liewesastellung. De pensionéierte Comptabel, deen 42 Joer bestuet ass, ass zanter 1992 Member am Comité vu "Sports et Loisirs Naturistes Luxembourg asbl". Den eelste Naturisteveräin aus dem Land ass 1980 ënner dem Numm "Les Naturistes Luxembourgeois asbl" gegrënnt, an 1994 an SLNL ëmgedeeft ginn. Mat enger Memberskaart kann een net just op engem 4 Hektar groussen Terrain no bei der Stad vun engem Paradäis profitéieren, mee weltwäit. Porte ouverte ass de 25. a 26. Mee. Méi Infoe fënnt een op naturisme.lu.

Den Armand Ceolin war dëse Freideg och bei de Kolleege vun RTL infos am Interview.

RTL
RTL