Vun der Kichen am Schlass Bierg, iwwer d'Lingerie bis an d'Sëlwerkummer vum Palais. Wéi ass et, fir de Grand-Duc ze schaffen?

Mir kréien en exklusiven Abléck hanner d'Kulisse vun der Maison du Grand-Duc a léieren déi Leit kennen, déi fir d'groussherzoglech Famill schaffen.

Erika Maes, Responsabel vum Service Lingerie

RTL

Am Reportage hëlt d’Erika Maes eis dohinner mat, wou ënner anerem d’Gezei vum Grand-Duc Henri a vum Ierfgroussherzog Guillaume gewäsch a gestreckt gëtt. Si ass d’Responsabel vum Service Lingerie, a leet eng Ekipp vu fënnef Leit. Ugefaangen huet hir Karriär um Haff scho viru méi wéi 30 Joer, wéi si als jonkt Meedchen op Lëtzebuerg komm ass. "Et war alles surrealistesch", esou d’Erika iwwer d’Situatioun vum Virstellungsgespréich.

Déi ganz Geschicht gëtt et am Video-Reportage.

Franck Panier, Chefkach

RTL

Hie weess, wat d'groussherzoglech Koppel am léifsten um Teller huet: de Franck Panier. Zanter 15 Joer ass hien de Chefkach am Schlass Bierg a kacht souwuel am Alldag wéi och fir offiziell Evenementer fir de Grand-Duc. A senger laanger Karriär stoung hie schonn an enger Rei Stärekichen, ma fir de Staatschef ze kachen, wier déi gréisst Éier a Belounung fir hien.

Am Reportage dierfe mir dem Franck a senger Ekipp iwwer d’Schëller kucken, wa se fir 35 Leit en 3-Gang-Menü preparéieren.