Serie "Neistart"
"Komm, mir kafen eis e Van!" - wann een aus dem Reese säi Beruff mécht
E ganz normaalt Liewe mat Haus a guddem Job - iergendwann ass dat dem Natascha a Patrick Theisen net méi duergaangen.
Zanterhier fuere si mat engem ëmgebaute Van duerch ganz Europa. Dat sougenannt "Van Life" wier awer keng Vakanz, esou d'Koppel. Si hunn aus hirem Hobby nämlech hire Beruff gemaach, a féieren ënnert anerem ee Blog.
Op Youtube verfollege ronn 20.000 Leit hir Aventuren - mat allen Héichten awer och Déiften. Wéi koum et zu dësem Liewenswandel? Wéi lieft et sech an enger Camionnette? A wéi kann ee mat Reese Sue verdéngen? Dat alles verroden d‘Natascha an de Patrick eis an der neier Serie "Neistart".
Am meeschte gelies