Nathalie Neumann, Axel Prahl an Alex Bernard
Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Rennsport, en Inselorchester an Acteuren déi sangen.
D'Nathalie Neumann fillt sech wuel am Rennwon a kënnt mat frëschen Impressiounen an enger 8ter Plaz vun Dubai. 2022 huet se den neien Challenge 'Formula Woman' ugeholl, nodeems se schonn 10 Joer Autocross gefuer ass a vill Meeschtertitele gewonnen huet. Am November 2022 goung et lass zu Bedfort an England, wou se géint méi wéi 1.000 Frae vun der ganzer Welt ugetrueden ass a Kompetitiounen wéi Fitness, schrëftlecher Prüfung, Interview, Reaktiounstester an am Géintenanerfueren. Kuerz Zäit drop koum d'Nouvelle, dass si als 50t an d'Final koum. Elo freet se sech schonn op de 'Formula Woman Nations Cup' am Mee, nees zu Dubai. www.instagram.com/nathalieracing/

Den Tatort-Star Axel Prahl kënnt de 9. Januar als Sänger mat sengem Inselorchester op Iechternach an den Trifolion. Hei kann een den Acteur, dee mam Krimi vu Münster reegelméisseg bis zu 12 Millioune Leit zesummen mam Jan Josef Liefers virun d'Televisioun lackelt, als Sänger a Museker gesinn. D'Musek war och seng éischt Léift, nodeems e scho mat 14 Joer Irish Folk gemaach huet, a sech souguer bei Museksconcoursen presentéiert huet. Zesumme mat sengem Inselorchester spillt hien zu Iechternach Lidder, déi aus senger eegener Fieder sinn a bestëmmt gëtt et och Lidder vu sengem Debut-Album 'Blick aufs Mehr' aus dem Joer 2018. www.axelprahl.de

Den Alex Bernard freet sech op d'Concerte mat de Luxicals an huet e Videoclip fir Chrëschtdag am Rucksak. Wéi den Numm et scho seet, verbannen d'Acteuren hir Passioun zum Sangen an zur Schauspillerei a ginn den 20. + 21. Dezember e Chrëschtconcert um Geesseknäppchen, wou nieft hire Lidder och Sketcher gebuede ginn. Nei ass dëst Joer de Video 'Something Magical', deen an déi gemittlech Zäit vu Chrëschtdag passt. Et gouf nei geschriwwen, opgeholl a produzéiert a gëtt natierlech och beim groussen Optrëtt 'Christmas at Grand Hotel Wellington' live gesongen. www.sing.lu
