E Labubu ass eng Zort Petzi aus China, deen ee kann als Accessoire u seng Posch hänken.

Och zu Lëtzebuerg ass d'Demande richteg grouss, fir de Wonsch-Petzi ze kréien, ass et awer net sou einfach.
 
"Een Hype ersetzt an der Reegel en aneren", gëtt mol sou gesot an dacks ass et no e puer Wochen och eriwwer. Uganks haaptsächlech bei Staren an trendbewosste Leit ass en elo beim Mainstream ukomm - de sougenannte Labubu. Eng Zort Petzi, deen ee ka sammelen a wou een net weess wéi dee Labubu ausgesäit, deen an der Këscht dran ass. Weltwäit, mee och zu Lëtzebuerg ass Demande no de chineesesche Petzien enorm grouss.

"Three52" ass e Lëtzebuerger Hype-Buttek. Hei kritt een alles ze kafe wat In ass – dofir natierlech am Moment och d'Labubuen. Entworf goufen déi Petzie schonn 2015 zu Hongkong. 2019 huet du Pop Mart, e chineeseschen Hiersteller, d'Produktioun iwwerholl an de Produit weltwäit vermaart. D'lescht Joer hunn du Stare wéi Rihanna, Dua Lipa a Kim Kardashian se als Fashion-Accessoire genotzt an e weltwäiten Hype ass ausgebrach.
 
De Christophe Afonso vun "Three52" huet am RTL-Interview erkläert, datt si am Ufank d'Labubue just zu bestëmmten Auerzäite verkaf hunn, dunn hu se de Clientë Rendez-vouse ginn a se stounge Schlaang. Scho moies fréi wieren d'Léit an d'Geschäft komm, obwuel se eréischt am Laf vum Nomëtten an d'Vente gaange sinn. Iergendwann ass een awer higaangen an et huet een d’Verkafsstrategie geännert. Mëttlerweil hu se hir Tëschenhändler fonnt a si hu permanent Labubuen op Stock.
 
Si schaffen eben och mat Tëschenhändler zesummen, well sou einfach kritt een déi Unhänger-Petzien net. Eng 60 bis 90 Euro muss de Client fir e Labubu bezuelen, däitlech méi wéi wann ee se um offizielle Site keeft, mee do si se schwiereg ze kréien an et muss ee wochelaang waarden.
 
An der Reegel géing e Client och net just ee Labubu kafen - et geet jo drëms, se ze sammelen, a wann ee se keeft, weess een och net wat an der Këscht dran ass.

Datt d'Labubue bei ville Leit gutt ukommen, huet och d'Ouverture vun engem "Pop Mart"-Geschäft um Alexanderplatz zu Berlin gewisen. Hei stoungen Honnerte Leit am Juli an der Schlaang, fir mat dobäi ze sinn, wann een d'Labubuen ze kafe kritt. Campéiert hate se souguer, fir sou e Petzi mat spatzen Zänn a groussen Aen ze kréien.

"Pop Mart" ass natierlech dorop aus, weiderhin dofir ze suergen, datt d'Demande grouss bleift. Vill verschidde Kollektiounen an all Kéiers eng limitéiert Unzuel suergen dofir, datt vill Labubuen als raart Sammlerstéck gesi ginn an héich Präisser dofir bezuelt ginn - et ass dat d'Verkafsstrategie vum chineesesche Produzent.
 
Bei "Three52" hätt een an hire Geschäfter an online scho mol 500 Labubuen an engem Dag verkaf. Mëttlerweil huet et sech berouegt, mee puer Honnert sinn et der nach ëmmer bannent 24 Stonnen, virun allem och iwwer Internet. Si si sech awer eens, datt den Hype sécher wäert offlaachen. Si schätzen, datt et bis an den Oktober era wäert goen, duerno géing et bestëmmt en neien Trend ginn.