Dës Woch geet et ëm Oldtimeren, Mathé a Marathonen.

Den Duo Johann Lafer a Jean Asselborn fiert mat beim 'Luxembourg Classic 2025 - Oldtimer-Rallye' vum Ed Goedert. Kennegeléiert hunn déi Zwee sech 2008 an der legendärer Sendung Lafer! Lichter! Lecker!, wou de fréiere Lëtzebuerger Ausseminister zesummen mam Horst Lichter géint de Johann Lafer a säin Assistent de fréieren däitschen Ausseminister an aktuellen däitschen Bundespresident Frank-Walter Steinmeier an der Kichen ugetrueden ass. Hanner dem Steierrad vun engem Oldtimer huet den Duo Lafer/Asselborn sech erëmbegéint, fir Lëtzebuerg op 4 Rieder kennen ze léieren, och wann de Jang de Moment e Gips huet a mam Bengel ënnerwee ass. www.acl.lu

RTL

De Christophe Ternes huet mat sengem Papp d'Buch "Maths: Plaisir & Réussite" geschriwwen. De Christophe huet no enger Première C am Kolléisch zu München e Bachelor an Biologie & Mathematik gemaach a schafft zanter 2015 am Kolléisch als Biosproff, an huet geleeëntlech och Mathésklassen. De Gaston Ternes war den éischten Direkter vum 'Lycée Aline Mayrisch' an huet d'Schoul vun 2001 bis 2018 geleet. Elo, wou hien a Pensioun ass, hu Papp a Jong zesummefonnt, fir e Buch erauszebréngen, dat Loscht op Mathé maache soll mat Explikatiounen an Exercicen an dat sech u Schüler, Elteren a Léierpersonal adresséiert. www.gastonternes.eu/mpr-accueil/

RTL

Den Erich François organiséiert nieft dem Night-Marathon elo e Sonndeg och de 'Color Run'. 2006 ass de Marathon eng éischte Kéier hei am Land gelaf ginn an ass ee vun den eenzegen Nuetsmarathonen, déi et gëtt. Mat 17.000 Leefer war et dëst Joer en neie Rekord. De 'Color Run' geet op 2013 zréck, wou et déi éischten Editiounen zu Iechternach gouf. En neien Ulaf gëtt et dëse Sonndeg um 12 Auer an der Géigend vum 'Stade de Luxembourg'. Virdrun um 11 Auer ass schonn Party an direkt duerno kënnen d'Leit mat hire faarwegen T-Shirten a vill Faarf am Hoer an um Kierper weider Party maachen. www.thecolorrun.lu

RTL