"Op der Gare", "Alma" an "La table du chef" heeschen d'Gewënner

Hutt Dir Iech schonn ëmmer gefrot, wou d'Leit zu Lëtzebuerg am léifsten authentesch portugisesch iesse ginn? Gitt et an eiser Top 20 gewuer!
No der beschter Pizza, dem beschte Sushi a rezent dem beschte Kebab am Land, hu mer dës Kéier déi Plaz zu Lëtzebuerg gesicht, op där een am beschte Portugisesch iesse kann.
Quizfro: Wat huet eis RTL-Ëmfro vun der beschter Pizza am Land mat eiser neister Ëmfro gemeinsam? Dovunner ofgesinn, dass Béides einfach gutt schmaacht, kommen dës Spezialitéite vun Nationalitéiten, déi zu Lëtzebuerg net nëmmen staark representéiert sinn, ma och scho laang mat eiser Geschicht an eiser Kultur verwuerzelt sinn. Nämlech déi italieenesch an déi portugisesch.
Vu dass mer mat eiser Ëmfro vun der beschter Pizza scho bei der italieenescher Kulinarik waren, hu mer eis bei dëser Top 20 op déi portugisesch Iess-Kultur konzentréiert, déi zënter dem Boom an de 70er-Joren ëmmer méi Plaz zu Lëtzebuerg fonnt huet a praktesch net méi ewechzedenken ass. Eleng wann een un e Grillowend denkt, wéi een dobäi e Stéck Baguette mat Bifana an eng Sagres oder Super Bock genéisst, mierkt een, wéi normal a selbstverständlech et hei am Land ass, portugisesch Spezialitéiten zou sech ze huelen.
Majo d'Iess-Kultur vun eise portugisesche Matbierger eleng op Bifana a Béier ze reduzéieren, wier selbstverständlech einfach net richteg. Vu Pastéis de Bacalhau, Francesinha, iwwer zu Arroz de Pato oder Caldo verde bis hin zu Pastel de Nata...vir der nëmmen e puer ze nennen. D'Diversitéit an der portugisescher Kulinarik kennt quasi keng Grenzen.
Genee sou wéi mir zu Lëtzebuerg mat gudde Pizzeriaen verwinnt sinn, ginn et och extrem vill Plazen, wou ee gutt an traditionell portugisesch Delikatessen zerwéiert kritt. Majo d'Fro ass dacks, wou ee bei deem grousse Choix am beschte soll higoen? Eventuell ginn et jo och méi verstoppten Adressen, respektiv Geheimtippen, déi et derwäert sinn, bis laanscht e Maufel iessen ze goen...
Dir hutt gewielt, hei ass d'Resultat. Dëst sinn Ärer Meenung no déi 20 beschte portugisesch Restauranten aus dem Land!
Readers' Choice Top 20: Beschte portugisesche Restaurant
Plaz 1: Op der Gare zu Lëntgen
Ouverture vum Restaurant: September 1999
Adress: 5 Rue de la Gare, 7448 Lintgen
Beléiftste Plat: Cabillaud Maison, Schwéngefleesch Alentejana a Brochetten
Geheimtipp vum Restaurant: Entrecôte Maison
1995 ass de Patron vum Restaurant "Op der Gare", den Antonio Armando Lima Martins op Lëtzebuerg komm an huet relativ séier an der Restauratioun ugefaange mat schaffen. Dat net iergendwou, mee an deem Restaurant, an deem hie spéider selwer Patron gouf. E Restaurant, dee wéi den Numm et scho seet, direkt bei der Gare zu Lëntgen läit.
1999, also 4 Joer méi spéit, huet hien de Restaurant mat senger Fra Carminda Soares Martins iwwerholl, e Gebai dat iwwregens ënner Denkmalschutz steet. De Restaurant huet hien zanterdeem och gehalen, dat zënter elo scho 25 Joer. Domadder net genuch, och eis Plaz 7, den Op der Gare II, gehéiert dem Antonio. Dass säi Restaurant op der Plaz 1 ass, kënnt also net vun ongeféier, hei stécht Know How an Erfarung hannendrun.
Och wann et hautdesdaags ëmmer méi schwéier wier, Personal ze fannen an der Restauratioun, mécht him de Beruff awer ëmmer nach onheemlech Spaass. Et ass e klassesche portugisesche Restaurant mat engem Cafésberäich an engem grousse modernen Iessberäich mat Terrasse am Bannenhaff. Ronn 75% vu senge Stammclienten sinn iwwregens Lëtzebuerger, eppes dat dem Antonio Lima vill Freed mécht a weise géif, dass d'Leit vun hei vu sengem Iessen iwwerzeegt sinn.
Dass den "Op der Gare" beléift ass, weist iwwregens net just eng 1. Placéierung an eisem Voting, ma och d'Reservatiounen déi bei him zënter Joren erakommen. Fir Weekends en Dësch ze kréien, muss een op d'mannst 15 Deeg virdrun reservéieren, anescht wier et praktesch net méiglech, verréit eis de Patron. Gléckwonsch fir déi éischte Plaz, d'Reservatioune wäerten elo warscheinlech net manner ginn.
Plaz 2: Alma zu Jonglënster
Ouverture vum Restaurant: Februar 2023
Adress: 7 Rue de la Gare, 6117 Junglinster
Beléiftste Plat: Bitoque
Geheimtipp vum Restaurant: Bitoque a Francesinha
Plaz 3: La Table du Chef zu Diddeleng
Ouverture vum Restaurant: Dezember 2016
Adress: 19 Rue du Commerce, 3450 Dudelange
Beléiftste Plat: Filet de boeuf mat Calamaren a Scampien ("Terre et mer")
Geheimtipp vum Restaurant: Cabillaud à la table du chef (Scampien a Gambasen, zervéiert mat Chipsen)
Plaz 4: Chez Luis zu Esch
Ouverture vum Restaurant: September 2017
Adress: 5 Rue de Stalingrad, 4326 Esch-sur-Alzette
Beléiftste Plat: Calamare a Gambas um Spiiss, Picanha
Geheimtipp vum Restaurant: "Dry Aged" Tomahawk oder T-Bone Steak
Plaz 5: Beirão zu Dummeldeng
Ouverture vum Restaurant: Januar 2014
Adress: 44 Rue des Hauts-Fourneaux, 1719 Dommeldange
Beléiftste Plat: Cabillaud à Lagareiro
Geheimtipp vum Restaurant: Côte à l'os de bœuf, eng grouss an divers Wäikaart
Plaz 6: Atypic zu Miersch

© Atypic / Facebook
Plaz 7: Op der Gare II zu Miedernach

© Op der Gare II / Facebook
Plaz 8: Jardin du Portugal zu Dikrech

© Jardin du Portugal / Facebook
Plaz 9: Piri Piri um Kierchbierg

© Piri Piri / Facebook
Plaz 10: Lusitania zu Dippech

© Lusitania / Facebook
Plazen 11 - 20
Plaz 11: Manjar no Churrasco (Déifferdeng)
Plaz 12: Madeira Stuff (Stad/Pafendall)*
Plaz 12: Am Bureck (Bartreng)*
Plaz 14: Amber Stuff (Jonglënster)*
Plaz 14: Um Grill (Dikrech)*
Plaz 16: Adega Velha (Miersch)
Plaz 17: Lisboa II (Bouneweg)
Plaz 18: Abadia (Esch/Uelzecht)
Plaz 19: 100 Raisons (Zolwer)*
Plaz 19: Vieille Ville (Dummeldeng)*
*D'Placéierungen 12, 14 an 19 gi sech all Kéiers vun 2 Restauranten gedeelt, well hei déi exakt nämmlecht Unzuel u Stëmmen erakoumen. Eppes iwwer 1.200 Persounen hu beim Voting matgemaach.