E Sonndeg gouf zu Réimech den Ironman Lëtzebuerg gelaf, gefuer a geschwommen. Mat dobäi war eng Persoun, déi een aus engem ganz anere Grond kennt.

Wéi den Organisateur e Freideg scho matgedeelt hat, koum de bekannte Fernseekach dëse Weekend an de Grand-Duché, fir beim Ironman 70.3 Réimech - Regioun Musel Triathlon - besser bekannt als Ironman Lëtzebuerg - deelzehuelen. Den Organisateur huet d'Medien awer och opgefuerdert, dës Informatioun vertraulech ze behandelen.

E Sonndeg de Moien huet de Ramsay, dee virun allem duerch seng Emissioun "Hell's Kitchen" bekannt ass, seng Participatioun awer scho selwer senge Fans iwwert déi sozial Medie kuerz virum Depart matgedeelt.

Datt de Starkach sech net nëmmen beim Kachdëppen, mee och an de Lafschong ka weisen, huet hien e Sonndeg gewisen, wou hien no 06:52:28 Stonnen iwwer d'Zillinn koum. Wéi et an enger Matdeelung vun den Organisateure vum Ironman heescht, gouf de Gordon Ramsay am Zil vu senger Fra Tana an Empfank geholl, déi him dann och seng Medail iwwerreecht huet.

"Ech freeë mech riseg, nees derbäi ze sinn, wat eng ongleeflech a gutt organiséiert Course. Zanter dëser Zäit virun engem Joer ass een Dram an Erfëllung gaangen. Ech freeë mech op weider Rennen an der Zukunft", esou de Ramsay no senger Arrivée. Viru ronn engem Joer hat den Hobby-Sportler ee schroe Vëlosaccident an den USA. Ouni säin Helm hätt hie méiglecherweis net iwwerlieft, sot hien deemools an de Soziale Medien.

Fir déi 1,9 Kilometer Schwammen huet de Fernseestar 42:41 Minutte gebraucht. Fir déi 90 Kilometer Vëlo war hie 4:10:18 Stonnen ënnerwee.

Den 58* Joer ale Ramsay ass am Sport vum Triathlon keen Onbekannten. Esou hat hie schonn un der Ironman-WM 2013 zu Kona op Hawaii deelgeholl a war och bei der wuel bekanntster Streck am Kalenner vun dësem Sport am Zil ukomm. Zwee Joer dono war hien zu Staffordshire och ugetrueden. Ma och war hie scho bei diverse Marathonen oder normalen Triathlonen un den Depart gaangen.

Dëst Joer ass hien da fir den Ironman op Lëtzebuerg komm an huet sech hei ënnert déi aner ronn 3.000 Sportler gemëscht, déi d'Muselregioun an Ugrëff huelen. Dobäi gouf an Däitschland geschwommen (1,9 Kilometer), a Frankräich Vëlo gefuer (90 Kilometer)  an zu Lëtzebuerg laanscht d'Ufer vun der Musel gelaf (21,1 Kilometer). D'Zil vum Ironman war zu Réimech.

A sengem Post op de soziale Medien huet de Gordon Ramsay ënner anerem jidderengem, dee mat him un de Start gaangen ass, vill Gléck gewënscht.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir geschriwwen, de Gordon Ramsay wier 48 Joer al. Hien ass der awer 58.